29/02/2024
Postkaart vum markanten Misärshaff un der Strooss fir erof bei d'Misärsbréck, déi ee ganz lénks erkennt. Den Haff an d'Bréck sinn nach ëmmer do, allerdéngs huet sech de Sauerdall duerch de Barrage Misärsbréck, resp. de Stauséi staark verännert.
De Bau vun der Misärsbréck iwwer d'Sauer um Wee tëscht Ueschdref a Bauschelt huet ca. 5 Joer gedauert, vum Projet 1849 iwwer d'Ausschreiwung 1850 mam berechente Baupräis vu 5000 Frang, de Bau 1852 an den definitiven Ofschloss vum Chantier ca. 1854. Virdrun war op dëser Plaz, ca. 100 Meter flossofwäerts eng Fuert, d.h. d'Leit sinn op dëser Plaz mat niddregem Waasserstand duerch d'Sauer gaangen.
Am Zweete Weltkrich gouf d'Bréck vun der däitscher Wehrmacht zerstéiert an 1946 nees opgebaut. D'Bréck läit genau un der Grenz vun de Gemengen Bauschelt a Rammerech, zu där déi fréier Gemeng Ueschdref duerch d'Fusioun 1978 gehéiert.
De Misärshaff gouf 1833 um Flouer "auf Ell" vum François Jaacques (Jaaques) gebaut. Op dem sougenannten Urkadaster vun ca. 1829 ass en deemno nach net ze gesinn. Allerdéngs fënnt een direkt bei der uewe genannter Fuert en Haus wat als "Maison isolée dite Misère" bezeechent gëtt. Wien do gelieft huet, firwat dat Haus eleng do stoung, konnt ech trotz ville Recherchen net erausfannen. D'Haus stoung nach géint 1862, 1905 ass et op de Kaarte verschwonnen an seng Iwwerreschter haut vum Waasser vum Stauséi bedeckt.
Interessant un der Kaart vun 1829 ass iwwregens, dass déi "nei Bréck" an déi nei Stroosseféierung a Serpentinnen fir dohin, mam Bläistëft op déi al Kaart gezeechent goufen. (kuckt an de Kommentaren)
Wouhier den ongewéinlechen Numm "Misère" hierkënnt, war och net erauszefannen. Den Haff an d'Bréck kruten den Numm wuel vun deem alen Haus , an d'Haus eventuell den Numm vum Flouer (oder ëmgedréit). Vläicht war de Bierg fir erof bei d'Fuert duerch Sauer mat engem Päerdsgespann vill ze géi a geféierlech...wat e Misär!!! :-) Dat bleift awer just Spekulatioun.
Wéi et no der Famill Jaacques viru goung ass schwéier ze soen, den Ënnerscheed tëscht Piechter oder Besëtzer vum Haff ass aus den Dokumenter net ëmmer kloer erauszefannen. Eng kleng Hëllef sinn al Zeitungen an d'Genealogiesakten vun de Kolleege vu www.luxroots.org.
Um Enn vun den 1840er Joren gëtt d'Famill Etienne a Catharina Grissius-Salentiny (Gritius, Grisius, Gricius) um Haff genannt, déi do bis an 1880er Jore bleiwen, nodeems den Etienne gestuerwen ass a säi Fils Jean Grissius mat senger Mamm a senger Famill op Lëlz plënnert. Ganz schlëmm muss d'Joer 1854 fir d'Famill gewiescht sinn: vu September bis Dezember stierwen 5 vun hire 7 klenge Kanner...
Duerno bewirtschaft d'Famill Roder den Haff wärend dräi Generatiounen, déi warscheinlech och successiv Besëtzer waren: Franz & Anna Maria Roder-Weiler, Thomas & Anna Roder-Welscher a Léopold & Irma Roder-Etgen.
Nom Doud vum Leopold Roder 1951, loossen 1952 d'Irma Roder-Etgen an hiert Meedchen Monette de ganzen Inventaire vum Haff mat Véibestand, Geschier a Maschinne versteeën. Den Haff an d'Lännereien hale si weiderginn a verpachten en.
Eng kuerz Zäit war an de 1950er Joren den 33 Joer alen a grad bestueten Hollänner Frans/François Marcus-Huveneers vu Gulpen mat senger Fra Piechter vum Haff. Duerno probéiert hie säi Gléck op engem Haff zu Suessem. Et war eng Zäit an där sech zu Lëtzebuerg eng ganz Rei hollännesch, meeschtens Limburger Famillen an der Landwirtschaft néiergelooss hunn.
Ab 1957 pacht d'Famill vum Norbet Mavet den Haff. Duerch de Bau vum Stauséi hu si hiert Doheem, d'Neimillen, e puer honnert Meter flossopwäerts misse verloossen, déi verbrannt an ofgerappt gouf. Si bleiwen um Haff bis 1987, wéi si de Betrib opginn an op Bauschelt plënneren. Wien déi Zäit Proprietär war, hunn ech net erausfonnt, evt. d'Monette Lanners-Roder. 1992 gëtt den Haff un de Staat verkaaft a successiv an 3 Renovatiounsphasen amenagéiert. Enn 1996 ass den Haff prett fir d'FNEL an aner Jugendorganisatiounen, 2003 war déi lescht Renovatioun ofgeschloss an den Haff gëtt als "Bildungszentrum Misärshaff" ageweit.