19/10/2026
🇱🇺 100 JOER – E GANZ BESONNESCHT JUBILÄUM AM SENIOR HOTEL ZU IECHTERNACH! 🎂
Et ginn Anniversairen, déi am Liewe vun eiser Residenz eng ganz besonnesch Plaz anhuelen. Den 100. Gebuertsdag vun eiser Bewunnerin, der Madame Braun, gehéiert ouni Zweiwel dozou.
Bei dëser Geleeënheet hate mir déi grouss Freed an Éier, den Här Max Hahn, Familljeminister, d'Madamm Carole Hartmann, Buergermeeschtesch vun Iechternach, souwéi den Här Ben Scheuer, Éischte Schäffen, bei eis begréissen ze däerfen.
Am Krees vun hirer Famill, hire Léifsten an der Direktioun vum Senior Hotel krut d'Madamm Braun d'Medail iwwerreecht, déi vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg als Éierung fir hiren 100. Gebuertsdag geschenkt gouf.
E ganz emotionale Moment, deen eis nach laang an Erënnerung bleiwe wäert.
Fir eis Residenz ass dëst Jubiläum besonnesch wäertvoll, well mir d'Madamm Braun schonn zanter bal 20 Joer bei eis begréissen däerfen.
Iwwer all déi Joren hu mir vill gemeinsam Momenter erlieft, Erënnerunge gesammelt an eng besonnesch Verbindung opgebaut.
Mir sinn houfreg, op eis bescheiden Aart a Weis, zu hirem Alldag an hirem Wuelbefannen bäigedroen ze hunn.
E grousse Merci un den Här Minister Max Hahn, d'Madamm Buergermeeschtesch Carole Hartmann an den Här Éischte Schäffe Ben Scheuer fir hir Präsenz an hir Opmierksamkeet.
E besonnesche Merci geet och un d'Famill vun der Madame Braun, déi hir ëmmer mat vill Léift a Fürsorg zur Säit steet.
A virun allem: Häerzlech Gléckwënsch, léif Madame Braun! Mir wënschen Iech nach vill schéin, glécklech a gesond Joren, ëmgi vun de Mënschen, déi Iech um Häerz leien.
❤️ 100 Joer – e wonnerschéine Meilesteen, an et ass fir eis eng grouss Freed an Éier, esou Momenter zesummen erliewen ze däerfen.
D'Ekipp an d'Direktioun vum Senior Hotel Iechternach
🇫🇷 100 ANS, UN ANNIVERSAIRE EXCEPTIONNEL AU SENIOR HOTEL D'ECHTERNACH ! 🎂
Il y a des anniversaires qui marquent tout particulièrement la vie de notre résidence. Celui de Madame Braun, qui vient de célébrer ses 100 ans, en fait incontestablement partie.
À cette occasion, nous avons eu le grand plaisir et l'honneur d'accueillir Monsieur Max Hahn, Ministre de la Famille, Madame Carole Hartmann, Bourgmestre de la Ville d'Echternach, ainsi que Monsieur Ben Scheuer, Premier Échevin, venus partager ce moment exceptionnel.
En présence de sa famille, de ses proches et de la Direction du Senior Hotel, Madame Braun s'est vu remettre la médaille offerte par Son Altesse Royale le Grand-Duc de Luxembourg, un geste particulièrement symbolique et émouvant pour célébrer ce magnifique siècle de vie.
Pour notre établissement, qui a le bonheur d'accueillir Madame Braun depuis près de 20 ans, cette célébration revêt une signification toute particulière.
Au-delà de cet anniversaire, c'est une belle histoire humaine, faite de souvenirs, de rencontres et de moments partagés au fil des années.
Nous sommes fiers, à notre humble échelle, d'avoir pu contribuer à son quotidien et à son bien-être durant toutes ces années.
Nos sincères remerciements à Monsieur le Ministre Max Hahn, à Madame la Bourgmestre Carole Hartmann et à Monsieur le Premier Échevin Ben Scheuer pour leur présence et leur attention.
Un grand merci également à la famille de Madame Braun, toujours présente à ses côtés, dont l'affection et l'accompagnement sont si précieux.
Et surtout, un immense bravo à Madame Braun ! Nous lui souhaitons encore de très belles années, remplies de santé, de bonheur et de précieux moments entourée de ceux qui lui sont chers.
❤️ 100 ans, cela se fête. Et au Senior Hotel, c'est un véritable bonheur et un privilège de pouvoir partager de tels moments.
L'équipe et la Direction du Senior Hotel Echternach