19/01/2012
Tourismus - e puer Gedanken.
Wann een sech Gedanken iwwert den Tourismus am Allgemengen a spezifesch iwwert de Lëtzebuerger Tourismus a seng Zukunft méicht, da muss ee fir d’éischt mol sech kloer sinn wéi an a wat fir engem Ëmfeld een sech beweegt.
Dofir fir unzefänke mol e puer Zuelen, dofir an der Annexe e puer Tableauen. Ech gräifen hei just nëmmen op konsolidéiert Chiffren zeréck, an hunn domadder schonns en éischte Problem opgedëscht well et engem da kloer gëtt dass mer, statistesch gesinn, en Hannerland sinn. Mir mussen op vereelste Material zeréckgräifen, wat Aarbecht net méi einfach mécht.
Folgend Tableaue ginn do eng Hëllef déi awer menger Meenung no net weit genuch ginn. Fier d’Importenz vum Secteur komplett duerstellen ze kënne misst e Livre blanc erstallt ginn den engersäits de Secteur um nationale Plang duerstellt an an engem 2. Deel an den internationalen Kontext stellt. Weider wichteg Indicateuren wären de Prix moyen zu dem Zëmmere verkaaft ginn, den indirekten Emploi an Ëmsaz. Och wär et nëtzlech den Dagestourismus ze erfaassen. E Kadaster vun den touristesch relevanten Infrastrukture muss erstallt ginn den engem erlaabt fest zestelle wou ee wat fir eng Defiziter huet an déi et den Investisseuren erlaben en toutes connaissances de causes déi néideg Infrastrukturen ze realiséieren.
D’Ëmsetze vum Audit am Ont muss garantéiert sinn, dorobber ginn ech awer elo net an. Just eng Fro ass eng A.S.B.L. nach déi richteg Form, misst een net hei schonns absolut ëmdenken an z. bsp. Un en Gie denken an deem een all déi direkt Intresséiert mat eranhuele kéint an de jo dann och Méiglechkeet hätt eege Finanzen ze generéieren ?
Wéi eng, an wat fir eng Brochuren , a wa wat fir eng Stéckzuele sinn nach erfuerderlech, oder aneschters ausgedréckt musse mer net méi a méi professionell an aner Kommunikatiounsmëttel investéieren.
De Rôle vun deenen eenzelnen Akteuren um Terrain a last but not least de Finanzement sinn weider Themen déi mer endlech seriéis upake mussen.
Global gesinn hunn mer eng Multitude vun Organismen an Finanzmëttel, déi wann se gebündelt géife ginn schonns en enorme Potential wären. Alleng déi Mëttel zesummegerechent déi een am Budget fënnt bezifferen sech op ronn 25 000 000€. Bündelung vun allen Kräften ass schlussendlech prioritaire. Et kann net sinn dass mer do Kräften a Finanze verzettele wëll jiddereen a sengem kléngen Eckelche mengt aleng missten ze wierken. Dat an alle Beräicher déi fir Promotioun an Image vu Lëtzebuerg thematiséiert sinn.
D’Ambassaden a Konsulater, dat an Zesummenaarbecht mat deene bestoende Bureaux à l’’Etranger, kéinten, misste vill méi mat agebonne ginn. D’Aarbecht vun dësen Auslandsbureauen mussen aggressiv um Terrain vertruede sinn an dierfen sech net op Verdeele vun Brochuren a « Renseignementer » beschränke mais direkt un déi potentiell Clientèle erun trieden. Missions économiques mussen och e Volet Tourismus beinhalten. Op der Siich no neien Idustrien an aner Betriber ass eng gut fonctionnéierend Hotellerie a Gastronoie och een Element den e Betriib motivéiere kan sech zu Lëtzebuerg ze implantéieren. Och muss een a Groussregioun denken an net nëmmen an eisen enke Grenzen. Lëtzebuerg als Ausgangspunkt fir vun do aus seng Vakanz ze gestallten daerf net un eise Grenzen am Kapp scheiteren.
Mir hunn am Endeffekt e puer Trëmp déi mer ausspille kënnen, Villsproochegkeet, Sécherheet, Natur, Gastronomie. Do wou mer nach ausbaue mussen ass an den Accueil, Qualitéit op allen Niveauen, a Weiderbildung.
Marketing muss langfristeg ugeluecht a geplangt sinn. Muss eng Linn dra sinn an net sprunghaft vun enger Saach op déi aner sprangen.Mir kënnen net am Joer 2012 un de Marché erugoen, mat enger Strategie déi mer nach amgange sinn ze entwéckelen, fir dann 2012 ze verkafen. International Touropérateuren an all Organismen déi amTourismus täteg sinn, greifen de Marché schonns ab September un, dofir missten eis Strategie a Programmer elo schonns fir 2013 ausgeschafft sinn fir am September prett ze sinn. Gleichzeiteg misst 2014 an der Maach sinn.
Een Thema ze entwéckelen, an dat all Joers nei ass kontraproduktiv. Fir effikace ze sinn misst dat iwwert 2-3 Joer lafen.
Eis traditionnell Klienten, Belsch an Hollänner sin zënter Joeren rechléefeg. Ouni se ze vernochléissegen missste mer awer verstärkt eis Propektioun op déi Länner ausriichten déi an ëmmer gréisserer Zuel ufénken ze reesen.
Wat mer wëlle verkafen muss kloer definéiert sinn. Zielgruppen erkannt sinn an dan Campagnen ausschaffen déi kloer definéiert an langfristeg ugeluecht sinn. Eventer opbauen déi international Renommée hunn ass unabdingbar, mat engem Duerfconcert lakele mer keen méi hnnert engem Uewen eraus.
Visiounen an Zukunft.
Wéi gesäit den Tourismus an de kommend Joeren aus. Wat fir eng Clienten an aus wat fir enge Regioune wäerten se kommen. Wat sinn hier Erwaardungen. Wat sichen se a wat hätten se gären ???
Ech sinn mir bewosst dass dët e Bléck an déi berüchtegt Kristallkugel ass, sinn awer och iwwerzeegt dass et puer Tatsaache ginn déi realistesch gesinn den zukünftegen Tourismus bestëmmen.
Global weess een aus enger Etude dass :
1- 66% Waasser sichen
2- 36% Trecking an all senge Formen
3- 19% Dauchen
4- 19% Mountainbike
5- 2% Golf
6- 2% Schi
7- 4% Gesondheet a Wellness
( et konnt een méi Felder ukräizen)
Wéi reese Leit,
56% mam Auto (bis 1 000km)
37% mam Fliger (Tendenz steigend)
2% mam Zuch
0,1% mam Velo
4% aner Moyenen
Wien reest.
Gewosst ass och dass d’Altersstruktur vun der Weltwäiter Bevëlkerung staark am Klammen ass. Dat huet domadder ze dinn dass Liewenserwaardung wiisst an Gesondheetswiesen enorm Fortschrëtter gemaacht huet an och nach weider méicht. Eng weltwäit Statistik seet dass am Joer 2050, 36,7% vun der Gesamtbevölkerung iwwer 60 Joer al ass. Muss ee bedenken dass den Prozentsaz an den Industrielle Länner nach e gutt Stéck méi héich ass.
Wat bedeit dat fir den Tourismus ?
Et muss een hei oppassen dass een do net Weiche falsch stellt andeem een sech vun de Wënschgedanken déi vill Leit hunn op falsch Wéer drécke léisst. Wann 8o% vun de Leit sech selwer virmaachen dass een Dram wier mam Wunnmobil duerch Amerika ze reesen esou sinn awer manner wéi 1% déi dann och tatsächlech dat realiséieren.
De Marketing an Produktgestaltung muss deene Gegebenheeten ugepasst ginn. Déi eenzel Altersstrukture mussen d’Iwwerleeungen zu der Palette vun Offere bestëmmen.
Wat erwaarden dës Kategorien.
De Mensch gëtt ëmmer méi selbstbewosst a méi kritesch. Doduercher dass Vakanz méi kuerz gëtt geet den Usprooch a Luet. Méi en intensiivt Erliefnis méi Aktivitéit an Ausgabe gi méi gezielt agesat.
Hien sicht seng Vakanz no anere Kriterien eraus wéi dat wat mir bis elo ugeholl hunn. Virop steet Sécherheet, dat bedeit awer dass et net nëmmen iwwert déi Sécherheet get déi een op der Strooss erlieft mais och déi Sécherheet dass am Fall vu gesondheetleche Problemer eng Versuergung do fënnt wou een ass. Dat heescht och dass een am Fall vun Accident , Naturkatastrophen an aner Ëmstänn een sécher ass och erëm Heem ze kommen. Klimawandel spillt och hei eng vill méi grouss Importenz. Doniewent sinn am selwechte Kontext déi economesch Wirtschaftslag souwuel doheem wéi awer och an dem Land wou een hin wëllt.
Wou kommen eis zukünfteg Clienten hier.
De Moment reesen Aus China an oder Indien eppes ënner 2% vun de Leit an Europa. Stelle mer eis mol vir wifill pontenziell Leit dat gin wann iwwermuer dat och nëmmen ëm 1 Prozentpunkt klëmmt. Eis traditionell Clienten aus Belgien an Holland, wat den allgemengen Tourismus ugeet ass réckleefeg. Mir mussen als o op de Weltmaart an eis traditionellt kuerzfristegt Denken opginn an zur Zäit op den Zuch opsprangen. Dëst zielt, villäicht manner , fir Business a Kongresstourismus, wann iwwerhaapt, mais ass primordial fir den allgemengen Tourismus
3 mol 20+ hunn ech schonns ugesprach. Do muss eng Produkgestaltung gemaacht ginn déi primordial op Aktivitéiten opgebaut gëtt, an net op den Alter. Aktivitéiten, sportlech, kulturell, Beschäftegung an Bildungsaktivitéite stinn héich am Kurs. Eraus aus dem Alldeeglechen, eraus aus deenen traditionellen Touren. Offeren déi selektiv sinn an déi deenen Leit och dat weist wat hannert de Kulisse geschitt
E plus den mer dann nach hunn ass Sproochen déi hei am Land geschwat ginn. Denke mer drun dass 64% vun eise Patronen an 94% vun eisen Mataarbechter Auslänner sinn. KoTourismus - e puer Gedanken.
Wann een sech Gedanken iwwert den Tourismus am Allgemengen a spezifesch iwwert de Lëtzebuerger Tourismus a seng Zukunft méicht, da muss ee fir d’éischt mol sech kloer sinn wéi an a wat fir engem Ëmfeld een sech beweegt.
Dofir fir unzefänke mol e puer Zuelen, dofir an der Annexe e puer Tableauen. Ech gräifen hei just nëmmen op konsolidéiert Chiffren zeréck, an hunn domadder schonns en éischte Problem opgedëscht well et engem da kloer gëtt dass mer, statistesch gesinn, en Hannerland sinn. Mir mussen op vereelste Material zeréckgräifen, wat Aarbecht net méi einfach mécht.
Folgend Tableaue ginn do eng Hëllef déi awer menger Meenung no net weit genuch ginn. Fier d’Importenz vum Secteur komplett duerstellen ze kënne misst e Livre blanc erstallt ginn den engersäits de Secteur um nationale Plang duerstellt an an engem 2. Deel an den internationalen Kontext stellt. Weider wichteg Indicateuren wären de Prix moyen zu dem Zëmmere verkaaft ginn, den indirekten Emploi an Ëmsaz. Och wär et nëtzlech den Dagestourismus ze erfaassen. E Kadaster vun den touristesch relevanten Infrastrukture muss erstallt ginn den engem erlaabt fest zestelle wou ee wat fir eng Defiziter huet an déi et den Investisseuren erlaben en toutes connaissances de causes déi néideg Infrastrukturen ze realiséieren.
D’Ëmsetze vum Audit am Ont muss garantéiert sinn, dorobber ginn ech awer elo net an. Just eng Fro ass eng A.S.B.L. nach déi richteg Form, misst een net hei schonns absolut ëmdenken an z. bsp. Un en Gie denken an deem een all déi direkt Intresséiert mat eranhuele kéint an de jo dann och Méiglechkeet hätt eege Finanzen ze generéieren ?
Wéi eng, an wat fir eng Brochuren , a wa wat fir eng Stéckzuele sinn nach erfuerderlech, oder aneschters ausgedréckt musse mer net méi a méi professionell an aner Kommunikatiounsmëttel investéieren.
De Rôle vun deenen eenzelnen Akteuren um Terrain a last but not least de Finanzement sinn weider Themen déi mer endlech seriéis upake mussen.
Global gesinn hunn mer eng Multitude vun Organismen an Finanzmëttel, déi wann se gebündelt géife ginn schonns en enorme Potential wären. Alleng déi Mëttel zesummegerechent déi een am Budget fënnt bezifferen sech op ronn 25 000 000€. Bündelung vun allen Kräften ass schlussendlech prioritaire. Et kann net sinn dass mer do Kräften a Finanze verzettele wëll jiddereen a sengem kléngen Eckelche mengt aleng missten ze wierken. Dat an alle Beräicher déi fir Promotioun an Image vu Lëtzebuerg thematiséiert sinn.
D’Ambassaden a Konsulater, dat an Zesummenaarbecht mat deene bestoende Bureaux à l’’Etranger, kéinten, misste vill méi mat agebonne ginn. D’Aarbecht vun dësen Auslandsbureauen mussen aggressiv um Terrain vertruede sinn an dierfen sech net op Verdeele vun Brochuren a « Renseignementer » beschränke mais direkt un déi potentiell Clientèle erun trieden. Missions économiques mussen och e Volet Tourismus beinhalten. Op der Sich no neien Industrien an aner Betriber ass eng gutt fonctionnéierend Hotellerie a Gastronomie och een Element den e Betrib motivéiere kann sech zu Lëtzebuerg ze implantéieren. Och muss een a Groussregioun denken an net nëmmen an eisen enke Grenzen. Lëtzebuerg als Ausgangspunkt fir vun do aus seng Vakanz ze gestallten däerf net un eise Grenzen am Kapp scheiteren.
Mir hunn am Endeffekt e puer Trëmp déi mer ausspille kënnen, Villsproochegkeet, Sécherheet, Natur, Gastronomie. Do wou mer nach ausbaue mussen ass an den Accueil, Qualitéit op allen Niveauen, a Weiderbildung.
Marketing muss laangfristeg ugeluecht a geplangt sinn. Muss eng Linn dra sinn an net sprunghaft vun enger Saach op déi aner sprangen.Mir kënnen net am Joer 2012 un de Marché erugoen, mat enger Strategie déi mer nach amgaange sinn ze entwéckelen, fir dann 2012 ze verkafen. International Touropérateuren an all Organismen déi am Tourismus täteg sinn, gräifen de Marché schonns ab September un, dofir missten eis Strategie a Programmer elo schonns fir 2013 ausgeschafft sinn fir am September prett ze sinn. Gläichzäiteg misst 2014 an der Maach sinn.
Een Thema ze entwéckelen, an dat all Joers nei ass kontraproduktiv. Fir efficace ze sinn misst dat iwwert 2-3 Joer lafen.
Eis traditionell Clienten, Belsch an Hollänner sinn zënter Joeren réckleefeg. Ouni se ze vernoléissegen misste mer awer verstäerkt eis Prospektioun op déi Länner ausriichten déi an ëmmer gréisserer Zuel ufänken ze reesen.
Wat mer wëlle verkafen muss kloer definéiert sinn. Zilgruppen erkannt sinn an dann Campagnen ausschaffen déi kloer definéiert an laangfristeg ugeluecht sinn. Eventer opbauen déi international Renommee hunn ass unabdingbar, mat engem Duerfconcert lackele mer keen méi hannert engem Uewen eraus.
Visiounen an Zukunft.
Wéi gesäit den Tourismus an de kommend Joeren aus. Wat fir eng Clienten an aus wat fir enge Regioune wäerten se kommen. Wat sinn hier Erwaardungen. Wat sichen se a wat hätten se gären ???
Ech sinn mir bewosst dass dët e Bléck an déi berüchtegt Kristallkugel ass, sinn awer och iwwerzeegt dass et puer Tatsaache ginn déi realistesch gesinn den zukünftegen Tourismus bestëmmen.
Global weess een aus enger Etude dass :
1- 66% Waasser sichen
2- 36% Trecking an all senge Formen
3- 19% Dauchen
4- 19% Mountainbike
5- 2% Golf
6- 2% Schi
7- 4% Gesondheet a Wellness
( et konnt een méi Felder ukräizen)
Wéi reese Leit,
56% mam Auto (bis 1 000km)
37% mam Fliger (Tendenz steigend)
2% mam Zuch
0,1% mam Velo
4% aner Moyenen
Wien reest.
Gewosst ass och dass d’Altersstruktur vun der Weltwäiter Bevëlkerung staark am Klammen ass. Dat huet domadder ze dinn dass Liewenserwaardung wiisst an Gesondheetswiesen enorm Fortschrëtter gemaacht huet an och nach weider méicht. Eng weltwäit Statistik seet dass am Joer 2050, 36,7% vun der Gesamtbevëlkerung iwwer 60 Joer al ass. Muss ee bedenken dass den Prozentsaz an den Industrielle Länner nach e gutt Stéck méi héich ass.
Wat bedeit dat fir den Tourismus ?
Et muss een hei oppassen dass een do net Weiche falsch stellt andeem een sech vun de Wonschgedanken déi vill Leit hunn op falsch Weeër drécke léisst. Wann 8o% vun de Leit sech selwer virmaachen dass een Dram wier mam Wunnmobil duerch Amerika ze reesen esou sinn awer manner wéi 1% déi dann och tatsächlech dat realiséieren.
De Marketing an Produktgestaltung muss deene Gegebenheeten ugepasst ginn. Déi eenzel Altersstrukture mussen d’Iwwerleeungen zu der Palette vun Offere bestëmmen.
Wat erwaarden dës Kategorien.
De Mensch gëtt ëmmer méi selbstbewosst a méi kritesch. Doduercher dass Vakanz méi kuerz gëtt geet den Usprooch a Luet. Méi en intensiivt Erliefnis méi Aktivitéit an Ausgabe gi méi gezielt agesat.
Hien sicht seng Vakanz no anere Kriterien eraus wéi dat wat mir bis elo ugeholl hunn. Virop steet Sécherheet, dat bedeit awer dass et net nëmmen iwwert déi Sécherheet get déi een op der Strooss erlieft mais och déi Sécherheet dass am Fall vu gesondheetleche Problemer eng Versuergung do fënnt wou een ass. Dat heescht och dass een am Fall vun Accident , Naturkatastrophen an aner Ëmstänn een sécher ass och erëm Heem ze kommen. Klimawandel spillt och hei eng vill méi grouss Importenz. Doniewent sinn am selwechte Kontext déi economesch Wirtschaftslag souwuel doheem wéi awer och an dem Land wou een hin wëllt.
Wou kommen eis zukünfteg Clienten hier.
De Moment reesen Aus China an oder Indien eppes ënner 2% vun de Leit an Europa. Stelle mer eis mol vir wifill pontenziell Leit dat gin wann iwwermuer dat och nëmmen ëm 1 Prozentpunkt klëmmt. Eis traditionell Clienten aus Belgien an Holland, wat den allgemengen Tourismus ugeet ass réckleefeg. Mir mussen als o op de Weltmaart an eis traditionellt kuerzfristegt Denken opginn an zur Zäit op den Zuch opsprangen. Dëst zielt, villäicht manner , fir Business a Kongresstourismus, wann iwwerhaapt, mais ass primordial fir den allgemengen Tourismus
3 mol 20+ hunn ech schonns ugesprach. Do muss eng Produkgestaltung gemaacht ginn déi primordial op Aktivitéiten opgebaut gëtt, an net op den Alter. Aktivitéiten, sportlech, kulturell, Beschäftegung an Bildungsaktivitéite stinn héich am Kurs. Eraus aus dem Alldeeglechen, eraus aus deenen traditionellen Touren. Offeren déi selektiv sinn an déi deenen Leit och dat weist wat hannert de Kulisse geschitt
E plus den mer dann nach hunn ass Sproochen déi hei am Land geschwat ginn. Denke mer drun dass 64% vun eise Patronen an 94% vun eisen Mataarbechter Auslänner sinn. Kommt bei eis, mir verstinn Iech, mir schwätzen är Sprooch, net all, mais vill.
Vill Aarbecht waart op eis. Professionell ugepaakt wäerte mir dat packen.mmt bei eis, mir verstinn Iech, mir schwätzen är Sprooch, net all, mais vill.
Vill Arbecht wart op eis. Professionnell ugepakt werte mir dat packen.
1