Camping am Park Mertert

Camping am Park Mertert Ein kleiner Campingplatz direkt am Park in Mertert, einer ruhigen Weinbau- und Flusslandschaft im Osten Luxemburgs

⛔️🚉
21/08/2026

⛔️🚉

⚠️‼️
15/08/2026

⚠️‼️

🇱🇺 ⚠️
Wichteg Informatioun
Wéinst de Bränn an der Haute Fagne ass momentan mat enger erhéichter Rauchbelaaschtung an eiser Regioun ze rechnen.
Aus preventive Grënn rode mir Iech, bis op weideres d'Fënsteren an d'Dieren zou ze halen, fir d'Rauchentwécklung net an d'Wunnénge kommen ze loossen.
Persounen mat Beschwerde vun den Otemweeër, eeler Leit a Kanner sollte sech besonnesch schützen an Aktivitéiten am Fräie vermeiden.

🇫🇷 ⚠️
Information importante
En raison des feux en Haute Fagne, une pollution accrue de l'air due à la fumée est actuellement à prévoir dans notre région.
Par mesure de précaution, nous vous recommandons de garder les portes et fenêtres fermées afin d'éviter que la fumée ne pénètre dans les habitations.
Les personnes souffrant de problèmes respiratoires, les personnes âgées et les enfants sont invités à faire particulièrement attention et à éviter les activités à l'extérieur.

‼️⚠️
31/07/2026

‼️⚠️

🇱🇺 🌿🔥Opgepasst: Erhéicht Bësch- a Vegetatiounsbrandgefor!

Déi unhalend Dréchent erhéicht de Risiko vu Bränn an de Bëscher, op de Wisen an an der Natur. Mat e puer einfache Verhalensreegele kann jidderee säin Deel dozou bäidroen, Bränn ze verhënneren:

🚭 Geheit keng Zigarettestëmp op de Buedem.
🔥 Maacht kee Feier am Fräien.
♨️ Grillt nëmmen op de Grillplazen wou et erlaabt ass an haalt ëmmer e Läschmëttel (z. B. en Eemer Waasser) bereet.
🪵 Geheit d'Grillglous net an d'Natur. Waart, bis se komplett ofgekillt ass, ier Dir se entsuergt.
🚗 Fuert net mat Ärem Auto iwwer Wisen, Felder oder duerch de Bësch – waarm Deeler vum Auto oder Fonke kënnen e Brand ausléisen.
🚒 Halt Bësch- a Feldweeër fräi, fir dass d'Pompjeeën am Noutfall séier op d'Asazplaz komme kënnen.

📞 Am Brandfall: Rufft direkt den 112 unn, gitt déi genee Plaz u (wa méiglech mam Bësch-Rettungspunkt) a weist den Asazkräften de Wee op d'Asazplaz.

🙏 Merci fir Äre Bäitrag zum Schutz vun eiser Natur an zur Sécherheet vun eis alleguer.

🇫🇷 🌿🔥 Attention : Risque élevé d'incendies de forêt et de végétation !

La sécheresse persistante augmente le risque d'incendies dans les forêts, les prairies et les espaces naturels. Chacun peut contribuer à prévenir ces incendies en adoptant quelques gestes simples :

🚭 Ne jetez pas vos mégots de cigarette par terre.
🔥 N'allumez pas de feu en plein air.
♨️ Utilisez uniquement les emplacements prévus pour les barbecues et gardez un moyen d'extinction (par exemple un seau d'eau) à proximité.
🪵 Ne jetez pas les braises dans la nature. Attendez qu'elles soient complètement refroidies avant de les éliminer.
🚗 Ne circulez pas en voiture sur les prairies, les champs ou dans les forêts : les étincelles ou les parties chaudes du véhicule peuvent provoquer un incendie.
🚒 Laissez libres les accès aux chemins forestiers et agricoles afin de permettre aux services de secours d'intervenir rapidement.

📞 En cas d'incendie : appelez immédiatement le 112, indiquez l'emplacement exact (point de secours forestier, si disponible) et guidez les pompiers jusqu'au lieu de l'intervention.

🙏 Merci à toutes et à tous de contribuer à la protection de notre nature et à la sécurité de chacun.

☝️⚠️‼️
13/07/2026

☝️⚠️‼️

🇱🇺 Wichteg Informatioun
D'Phas 1 vun der Waasserspillplaz, also deen Deel fir déi méi kleng Kanner, ass bis op Weideres ausser Betrib.
Leider hu Sand a Buedem d'Anlag veronrengegt. Fir d'Spillplaz nees sécher a voll funktionstüchteg a Betrib ze huelen, muss eng spezialiséiert Firma d'Veronrengegunge fir d'éischt fachgerecht beseitegen.
Mir erënneren drun, dass et net erlaabt ass, Sand oder Buedem mat op d'Waasserspillplaz ze bréngen oder duerch d'Spille vun de Kanner an d'Anlag geroden ze loossen. Nëmmen esou kann d'Anlag funktionéieren an allen e flotte Spillspaass bidden.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech an Är Matwierkung a informéieren Iech, soubal d'Anlag nees a Betrib geholl ka ginn.

🇩🇪 Wichtige Information
Der Wasserspielplatz (Phase 1) ist bis auf Weiteres außer Betrieb.
Leider haben Sand und Erde die Anlage verunreinigt. Damit der Wasserspielplatz wieder sicher und einwandfrei betrieben werden kann, muss zunächst eine spezialisierte Fachfirma die Verunreinigungen beseitigen.
Wir weisen darauf hin, dass es nicht gestattet ist, Sand oder Erde in die Wasserspielanlage einzubringen oder durch spielende Kinder in die Anlage gelangen zu lassen. Nur so kann ein reibungsloser Betrieb gewährleistet und der Wasserspielplatz für alle nutzbar bleiben.
Wir danken Ihnen für Ihr Verständnis und Ihre Mithilfe. Über die Wiederinbetriebnahme der Anlage werden wir Sie zeitnah informieren.

🇫🇷 Information importante
La phase 1 de l'aire de jeux aquatiques (c'est à dire la partie pour les enfants) est temporairement hors service et ce jusqu'à nouvel ordre.
Du sable et de la terre ont malheureusement contaminé l'installation. Une entreprise spécialisée doit intervenir afin d'éliminer ces impuretés avant que l'aire de jeux puisse être remise en service en toute sécurité.
Nous rappelons qu'il est interdit d'introduire du sable ou de la terre dans l'aire de jeux d'eau ou de laisser ces matériaux y être apportés par les enfants lorsqu'ils jouent. Le respect de cette règle est indispensable pour garantir le bon fonctionnement de l'installation et permettre à chacun d'en profiter.
Nous vous remercions de votre compréhension et de votre collaboration. Nous vous informerons dès que l'installation sera à nouveau opérationnelle.

🎶🍻🥂👇Dëse Samsden am Park niewt dem Camping. 60. Editioun vum Parkfest. Gratis Entrée.🏕Et sinn och nach puer Stellplze be...
09/07/2026

🎶🍻🥂👇Dëse Samsden am Park niewt dem Camping. 60. Editioun vum Parkfest. Gratis Entrée.
🏕Et sinn och nach puer Stellplze bei eis um Camping fräi fir déi, di mam Camper oder Caravan wëlle kommen an net méi wëllen heem fueren.
🛎Buchung: sit-mertert.lu

👕✨ Nei Aarbechtskleeder fir eis Equipe! ✨👕Haut hu mir eise Mataarbechter hir nei Aarbechtskleeder iwwerreecht. Mir freeë...
01/07/2026

👕✨ Nei Aarbechtskleeder fir eis Equipe! ✨👕

Haut hu mir eise Mataarbechter hir nei Aarbechtskleeder iwwerreecht. Mir freeën eis, datt eis Equipe eis Gäscht elo an engem modernen an eenheetleche Look begréisse kann.

E grousse Merci geet un Stick77 fir déi professionell Planung, déi flott Berodung an déi exzellent Ëmsetzung. Mir si ganz zefridden mam Resultat!

Merci och un eis ganz Equipe fir ären alldeeglechen Asaz. Mir wënschen iech vill Freed mat den neien Aarbechtskleeder! 💚🏕️

30/06/2026
‼️
15/06/2026

‼️

❌Opgepasst❌
Heimat informéiere mir Iech, dass d'Waasserspillplaz zu Mäertert am Park e Mëttwoch de 17. Juni 2026 wéinst Wartunsaarbechten net a Betriib ass an de Beräich groussräimeg ofgespart ass.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

❌Attention❌
Par la présente, nous vous informons que l'aire de jeux aquatique au parc à Mertert sera fermée au public le mercredi 17 juin 2026, en raison de travaux d'entretien et de maintenance, et que la zone sera barrée entièrement.

Nous vous remercions pour votre compréhension.

🚶‍♂️🌿 IVV Wanderung zu Mäertert – dëse Sonnden!D’Wanderfrenn 74 Mertert asbl invitéieren  op hir flott IVV Wanderung, dé...
09/04/2026

🚶‍♂️🌿 IVV Wanderung zu Mäertert – dëse Sonnden!
D’Wanderfrenn 74 Mertert asbl invitéieren op hir flott IVV Wanderung, déi dëse Sonnden statt fënnt. Entdeckt déi schéi Natur ronderëm Mäertert a genéisst e gemittlechen Dag a gudder Gesellschaft! 🥾
Fir all déi, déi vun e bëssen méi wäit kommen oder einfach e relaxe Weekend wëllen verbréngen: Dir sidd häerzlech wëllkomm, schonn virdrun an/oder dono bei eis um Camping am Park Mertert ze iwwernuechten – egal ob mat Camper oder Roulotte. 🌳🚐
👉 Reservatioun ass ganz einfach online méiglech op www.sit-mertert.lu.
Mir freeën eis op Äre Besuch a wënschen Iech eng flott Wanderung!

Adresse

31, Rue Du Parc
Mertert
6684

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Camping am Park Mertert publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager